Wat fir Produkter fannen ech hei? Ass dat wieklech alles vegan?
De grénge Léiw ass eng Lëscht un Produkter, déi een zu Lëtzebuerg als Veganer an engem hondsgewéinlechen Supermarché kafen kann. All eenzelt Produkt dat héi opgelëscht ass, ass 100% vegan. Inhaltstoffer bei deenen et Onsécherheeten ginn (z.B. "Aromen" oder "Speisefettsäuren") sinn mat engem Astérisque (*) markéiert. Du fënns hei keng Oplëschtung vun frëschem Geméis an Uebst, an ech zielen der och net datt en Pak Miel vegan ass. Ech ginn dovun aus datt dat offensichtlech ass, an defir net muss opgelëscht ginn.
Firwa ginn keng grouss Marken opgelëscht?
Dat huet verschidden Grënn. Et ginn dausenden un veganen Produit'en um Marché. Wann een un engem Projet wéi De grénge Léiw schafft muss een sech iergendzwouch Grenzen setzen, soss verléiert een komplett den Iwwerbléck. Den Projet ass nach an enger fréier Phase, an ass defir op Supermarchés-Marken beschränkt. Des weideren garantéiert dës Aschränkung datt een déi Produkter méi einfach fënnt. Net all Supermarché verkeeft déi nämlecht Marken, mä di meescht hunn eng gutt Auswiel un Eegenmarken. An zu gudder Läscht, sinn "no-name" Produkter generell méi bëlleg. Ëmmer rëm heescht et "Vegan liewen ass esou deier", komm mir beweisen den Géigendeel!
Wat ass mat OGMs, Palmöl, an esou weider?
Den eenzegen Critère deen en Produkt muss erfëllen fir opgelëscht ze ginn, ass dass en vegan ass, also keng déieresch Zutaten huet. OGMs an Palmöl sinn vläit net ganz ethesch ze vertrieden, an ze vill Zocker an Fett sinn ongesond. Et ginn gutt Grënn OGMs an Palmöl ze vermeiden, mä am Endeffekt ass et eng perséinlech Entscheedung op een esou Produkter konsoméiert oder net, an huet keen Afloss dorop op eppes vegan ass. Zumols vir Leit déi nei am Veganismus sinn, kennen ze vill "Regelen" ofschrecken. Wann een einfach nëmmen wëll en veganen Produit hunn - egal op en gesond ass, oder net - ass een hei richteg.
"Contient des traces de ... " - Ass esou eppes vegan?
Mat Säz wéi "peut contenir des traces de ... ", "fabriqué dans un atelier qui utilise ..." an "kann Spure von ... enthalten", sécheren sech Produzenten géint Leit mat starken Allergien of. Wann zum Beispill op enger Tablette donkelen Schokola steet "Kann Spuren von Milch enthalten", heescht dat, datt am nämlechten Atelier wou dëse donkelen Schokela hirgestallt gëtt, och Mëllechschokela fabrizéiert gëtt. Theoretesch ass am deem donkelen Schokela zwar keng Mëllech drann, et kann awer sinn dat duerch Kräizkontaminatioun minimal Spueren vun Mëllech kënnen fonnt ginn. D'Vegan Society huet keng Problemer mat esou Produkter an erkennt dës trotzdem als vegan, an defir ginn se och hei opgelëscht.
Ech hunn een Produkt op der Lëscht fonnt, deen net vegan ass!
Ech ginn mir Méi fir datt esou eppes net geschitt, mä Fehler kënnen virkommen. Schreif mir op [email protected] oder hannerlooss en Kommentar an ech kucken den Problem esou séier, wéi méiglech ze behiewen. Vergiess net, datt Rezepturen am Laf vun der Zäit änneren kënnen. Déi aktuellsten Informatioun vun engem Produkt fënns du op der Verpackung selwer.
Ech hunn een vegant Produkt fonnt, dat nach net opgelëscht ass!
Datt sinn fantastesch Neiegkeeten! Schéck mir den Numm, all d'Zutaten an eventuell eng Foto op [email protected] an ech kucken fir d'Produkt esou séier wéi méiglech online ze setzen.
Ech wëll de grénge Léiw ënnerstëtzen. Wat kann ech maachen?
Et freet mech dat dir den Projet esou gutt gefällt. An nach méi freeën géif et mech wanns de sou vill Leit wéi méiglech dovun erziels. Like, kommentéier an deel Posts op Facebook an Twitter. Wann een dech freet, wat een als Veganer dann eigentlech nach iessen kann, gëff him den Link vun dëser Websäit. Nëmmen wann den Veganismus bis mainstream gëtt, kënnen grouss Changementer erzielt ginn.